passer au contenu principal passer au menu principal Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

SEA Em de Bëchel : Mir bastelen ee riise Kéisecker

28.10.2026

D'Kanner aus der Annexe vum SEA Bëchel hun zesummen ee groussen pickege Kéisecker gebastelt. Mee waat ass dann iwwerhapt ee Kéisecker?



Richteg Kanner! "Kéisecker" ass daat lëtzebuergescht Wuert fir ee Igel.

A wann een esou ee wëll am Grousse bastelen da brauch ee mol fir d'éicht ee ganz grousst Stèck Karton, e puer Farwen déi gutt an den Hierscht passen an eng Onmass u klenge fläissege Kannerhänn déi dem Kéisecker sai pickegt Fell gestallten.

Ei waat ass daat eng Freed fir een seng Hänn an d'Farw ze zappen an dann um Karton kann een Ofdrock hannerloossen bis dass abeemol ee groussen Igel virun engem steet.

An da just nach eng kleng Stuppsnues, e Puer Kuckelcher an ee frëndleche Mond a schon ass eis Dekoratioun fir eis Gank am SEA ferdeg.




» Fotoen