passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sportshal: DigiRallye

21.02.2025

Den DigiRallye vum BEE SECURE ass en interaktiven Event bei dem 80 Kanner aus dem ganze Land deelgeholl hunn. Hei kréien d’Kanner op spilleresch Aart a Weis e sécheren a verantwortungsvollem Ëmgang mat Medien an Technologie vermëttelt.



Op 10 interaktive Statioune konnte Kanner di digital Welt erfuerschen an sech mat wichtegen Theme wei zum Beispill Passwierder, Billermanipulatioun asw …. auserneesetzen. Besonnesch flott war dass Kanner villes selwer konnten ausprobéieren. Och di Kanner di schonn Erfarung hate mam Ëmgang mat Medien hunn eppes Neies geleiert.

Den DigiRallye ass eng flott Methode fir net nëmmen d’Wësse vun de Kanner ze erweidere mee et stäerkt och d’Selbstvertrauen am Ëmgang mat de Medien.




» Fotoen