passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Vakanzaktivitéiten: 16/08 Spielmobil Freiburg Cycles 1-4

16.08.2019

Haut de Moie fréi, bei wonnerbarem Wieder, ass d’Spillmobil vu Freiburg bei eis zu Beetebuerg ukomm.

Dat war eng Camionette voll mat Spiller wou Kanner sech amüséiere kënnen. Kanner sinn um 13h30 komm an hunn sech fir an der Rezeptioun en Ziedel geholl wou all Statiounen drop stoungen. Wann ee Kand dann eng Statioun fäerdeg hat, krut et e Kräiz bei der jeweilleger Statioun. Nodeem den Ziedel voll war, konnten Kanner zeréck an Rezeptioun goen an hieren Diplom ofhuelen sou wéi och e klenge Kado. Op der Wellerutsch haten Kanner och hieren Spass genau esou wéi mat all denen aneren Brietspiller.
Kanner ware super begeeschtert a kruten de Mëtten och ganz gutt em.


» Fotoen
» www.spielmobil-freiburg.de/