passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : A waat ass de Kanner hier Meenung?

23.03.2020

Am Kader vun der pädagogescher Arbecht am SEA ass et ganz wichteg fir de Kanner Gehéier ze ginn an och hier Meenung ze froen wann et em d'Gestaltung vum Haus a vum Programm geet.

Dofir gi regelméisseg Kannerversammlungen gemach wou verschidden Themen ugeschwat ginn. Dest Kéier gung et drems waat d'Kanner wéilten änneren an "hierem SEA" - dobai koum eraus dass et hinnen eigentlech ganz gudd gefällt an dass si et flott fannen dass si sou vill Raim zur Verfügung hun. 
Mee heiansdo wier et flott wann een neit Spill giff dobai kommen oder wann ee Sall giff e bessen emgeännert ginn fir dass et nees Neies ze entdecke gëtt. 
D'Versammlungen gin normalerweis vun zwou Persoune gehal woubai een d'Versammlung leed fir dass all Kand dierf schwetzen an déi aner och nolauschteren an deen aaneren schreift d'Iddiën op déi op den Desch kommen. 


» Fotoen