
Reebou-Pavillon: Mir waren an de Besch spazéieren
05.07.2021Zu Beetebuerg ginn et vill schéin Plazen ze entdecken
Esou bal d ‘Wieder gutt ass profitéieren mir fir zesummen mat de Kanner eraus ze goen. Des Kéier wollten d’ Kanner an de Besch goen, deen nett wäit vum SEA ewech ass. Nieft dem Trëppelen hunn mir vill Deieren a Planzen entdeckt, wourauser sech flott Diskussiounen erginn hunn.
Ënnerwee hunn mir eis eng flott Plaz gesicht fir zesummen eng Paus mat engem Picknick ze maachen, iert mir eis op de Réckwee gemat hunn.
D ‘Freet fir an de Bësch ze goen ass ëmmer ganz grouss bei de Kanner.
» Fotoen