passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Reebou-Pavilllon: Fit Kanner zu Beetebuerg

30.05.2022

Fir d’ Päischt Vakanz goufen dës Kéier och nees Sport Aktivitéiten vun eisen Sports Erzéier Tamara an Dani ugebueden.



Fir d ‘Kanner vum Cycle 1-1.2 stoung Turnen um Programm. Vun Hand Stand bis Kopplabunz, war vun allem dobäi. Si haten immens vill Freed beim Turnen a konnten beweisen wéi gutt si schonn turnen kennen.

Fir déi grouss aus dem Cycle 2.1-3.1 stoung des Kéier Kraaft a Koordinatioun ‘s Training um Programm. Et gouf en Parcours mat verschiddenen Übunge aus Bänken opgeriicht. D ‘Kanner hunn dierften iwwert d ‘Bänken lafen, sprangen an klammen, wat si extrem vill Kraaft, Kierper Beherrschung a Konzentratioun kascht huet.

Trotz der ganzer Ustrengung hunn d ‘Kanner gesot dass et hinnen gutt gefall huet an si des Aktivitéiten gären géifen widderhuelen.




» Fotoen