
SEA Em de Bechel : Backe, backe Muffin
09.11.2026Zesumme mat eisem Kach hun d'Kanner ee leckeren Kürbis Mufin gebak.
A fir dass esou ee Muffin gutt gëtt brauch et ganz vill Hänn.
Während deen een d'Miel an den Zocker ofgeweiht huet hun aner Kanner d'Eeër opgeklappt bis dass et et gescheimt huet.
Een aneren huet ennert der gudder Uweisung vum Kach tapfer dee schwéieren Deg geréiert bis dass den Arm wéi gedoen huet.
Dono konnten d'Kanner mat engem Spray d'Formen afetten fir dass den Deg net drun upescht.
Dee wichtegsten Deel war natirlech d'Qualitéitskontroll éier d'Formen hun dierfe gefëllt ginn. Hei huet all Kand onbedengt missen den Deg schmachen fir dass och sëcher naischt schief geet.
No der Aktivitéit konnten d'Kanner hiere Muffin natirlech mat Heem huelen a si kruten och nach ee flott Schietech vum Kach geschenkt.
» Fotoen