
Reebou: Seefen Atelier
24.04.2023Kuckt emol eis selwer gemeet Seefen: e flotten Atelier fir d' Kanner vum Précoce.
D’ Kanner kruten d’ Seef am Stéck gewisen an erkläert wéi en Seef hierstellt.
Als éischt gouf d' Stéck Seef kleng geschnidden an am Bain Marie geschmolt. Duerno konnten si Faarwe an den Doft auswielen an mir hunn et an d’ Formen gegoss. Zum Schluss duerften si sech hier Seefen auswielen vir matt Heem ze huelen.
Kanner hunn sech gefreet dass se d’ Seefen konnten mat Heem huelen fir se der Famill ze weisen an se ze benotzen.
» Fotoen