
Reebou-Pavillon: Beweegungsspiller am Haff
10.10.2022Fir vun de leschten Sonnestralen ze profitéieren goufen de Kanner Beweegungsspiller dobaussen ugebueden.
Bei deem éischten Spill hunn d’ Kanner Klameren un hir Kleeder gefestegt déi die aner hinnen dann missten ewech zeien. D ‘Kanner haten eng immens Freet fir dem Personal d’ Klameren vum Gezai ze ,,klauen’’. Bei dësem Spill goufen Beweegung an Fäinmotorik gefuerdert. Beim zweeten Spill goufen 4 Équipen gemat an d ‘Koordinatioun gouf trainéiert andeems d ‘Kanner mat Schwämm vun der enger Säit op die aner an e Reef sollten schéissen.
» Fotoen