passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Mam Pyjama duerch d'Maison Relais

13.03.2023

Am Februar haten d'Kanner vum Cycle 1.2. hieren éichten Pyjamasowend am SEA.



Mat vill Opreegung ass de Pyjamasowend erward ginn. Um Programm stungen Spiller, kachen a Geschichten virliesen.

Nomettes hun d'Kanner scho flaisseg gehollef fir hiert Lieblingsiessen ze préparéieren andeems si t'Hamburger a Form bruecht hun an op Plateau getesselt hun. D'Tomate goufe geschnidden an d'Zaloteblieder si gewäsch ginn.

Owes, wéi t'Haus endlech eidel war, konnt jidderee sai Pyjama undoen an sai Petzi a sain Doudou weisen. Och d'Personal huet sech an de Pyjama gehait.

Du gung et un d'Kachen an un d'Iessen. Ei!, et gëtt kee besseren Hamburger wéi deen deen ee selwer gemach huet.

Dono, wéi et daischter war, goufen eng Rei Spiller gespillt wou d'Kanner sech am ganzen Haus konnte verstoppen oder mat Decken, Descher a Still Höhle gebaut hun.

Och Schattespiller si gespillt ginn.

De Spaass bei de Kanner an der Equipe war riise grouss.




» Fotoen