Sonnepavillon : Eng kulinaresch Rees
16.04.2025Taucht an déi faszinéierend Welt vun der Sushi-Zoubereedung an entdeckt, wéi d'Kanner aus dem Sonnepavillon zesumme mat eisem Kach Xavier de leckere Sushi zoubereeden.
Sou e Sushi zoubereeden ass eng Konscht fir sech a muss geléiert sinn. Ënnert der Leedung vun eisem Kach, deen d'Iessen fir all eis Kanner preparéiert, hunn déi kleng Käch hir eege Sushi-Rullen kreéiert.
Wat brauche mir?
-Virbereeten Thon
-Virbereeten Saumon
-Paprika
-Cornichonen
-Philadelphia-Kéis
-Gekachten Sushi-Räis
-Nori-Blieder
Fir doheem no ze maachen:
Virbereedung vun den Zutaten: Eise Kach huet de virbereeten Fësch (Saumon an Thon), de Räis an d'Geméis matbruecht. No kuerzen Hygiène Instruktioune konnten d'Kanner selwer Hand uleeën an d'Geméis a Sträifen schneiden.
Nori-Blieder virbereeden: D'Nori-Blieder goufen op enger Bambusmatt ausgebreet, prett fir d'Fëllung.
Sushi-Rullen: De Kach huet de Kanner Instruktioune ginn, wéi een eng Sushi-Rull preparéiert. Fir d'éischt gëtt de Räis op d'Nori-Blieder gepecht, de Fësch an d'Geméis drop verdeelt an zum Schluss dat ganzt zesummegerullt.
Sushi schneiden an zerwéieren: Zum Schluss goufen d'Sushi-Rullen a mondgerecht Stécker geschnidden an op Telleren ugeriicht. D'Kanner waren ganz stolz op hir Kreatiounen an hunn de selwergemaachte Sushi a vollen Zich genoss.
» Fotoen