passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Mir produzéieren eist eegent Hörspill (1. Deel - Op der Sich no spannende Geräicher)

25.04.2022

Am Kader vum LiteraTour Projet vun der Gemeng Beetebuerg huet de SEA Al Gemeng zesummen mat deenen aneren SEA Haiser um Projet K-Check matgemach.

Eis Aufgab huet doranner bestan fir mat de Kanner zesummen 2 Hörspiller ze machen.
Dofir hu mir Hellef kritt vum Oli deen de Kanner op eng ganz flott Manéier bei den éischte Schrëtt gehollef huet.
Beim éischten Deel ass et drems gang fir ze léieren wéi een mat engm I-Pad kann ophuelen. Bei engem Hörspill gëtt et nirwent de Stëmmen och eng ganz Rei Geräicher déi ee brauch fir d'Geschicht ze ennermolen.
Nirwent de Kierpergeraicher (déi schon aleng fir mega Freed gesuerg hun) waren si am Haus op der Sich no alles waat klappert, quitscht, schläift, zischt, blubbert oder knuppt.
D'Kanner ware begeeschtert fir mam I-Pad duerch t'Haus ze lafen a lauter komech Kaméidismëcher ze sichen.


» Fotoen