
Reebou: Mir hunn experimentéiert
09.10.2023An eisem Science- a Medien Raum hunn mir de Kanner en Experimenten Nomëtteg ugebueden
Als eicht hunn d’ Kanner zesumme gefaalte Blummen douce an d’ Waasser geluecht a konnten dunn beobachten, wei des sech lues a lues opmaachen.
Dat nächst Experiment war mat einfachem Waasser, Peffer a Spullmëttel. Als eicht schëtt een Waasser an eng Schossel, dobäi kennt eng deen Schicht Peffer. D’ Kanner hunn dorops hin hire Fanger dra gezappt, dobäi ass awer näischt geschitt. No deem’s si sech awer eng Drëps Seef op de Fanger gemaach hunn, an erëm probéiert hunn, huet sech de Peffer un den Teller Rand verzunn.
Beim drëtten Experiment hunn d’ Kanner Lava-Luuchten selwer gemaach. Dofir brauch een Ueleg, Waasser Bakpolver a Liewensmëttelfaarf. Wichteg ass et hei op déi richtege Reiefolleg a Quantitéiten opzepassen.
D‘ Kanner sinn duerch dréi verschidden Experimenter der Wëssenschaft e Schrëtt méi nokomm an haten derbäi vill Freed um experimentéieren.
» Fotoen