
Al Gemeng : Domino Day an der Aler Gemeng
08.01.2025An der Vakanz hun d'Kanner de Kappla mol kuerzerhand an Dominosteng emgewandelt.
Mat vill Gedold hun d'Kanner aus dem Cycle 1 ganz virsiichteg déi wackeleg Kapplasteng een hannert deen aneeren opgestallt. Lues a lues ass eng lang Rei entstaan an och e puer Kéieren an Déviatiounen goufe mat agbaut.
Abeemol sinn d'Kanner awer ongedëlleg ginn an war un der Zait fir deen éischte Steen emzegeheien.
A lass gung et. E puer mol huet et nach gehaapert mee am Groussen a Ganzen sinn d'Dominokonstruktiounen sou wéi geplangt gefall.
» Fotoen