
Reebou: spilleresch déi 5 Sënner kennen leieren
06.11.2023Zesummen mat de Kanner hu mir flott Spiller preparéiert wou hir Sënnesorganer an den Asaz koumen. Bei dësen verschiddenen Spiller konnten d’ Kanner richen, schmaachen, upaken an lauschteren.
Am Ufank gouf eng kleng Aleedung gemeet, fir ze gesinn op d’ Kanner hir Sënner kennen. Dono hunn ma mat den Spiller ugefaangen.
Als éischt goufen bei engem visuellen Spill Biller gewisen an d’ Kanner konnten erroden wat drop ass. Duerno gouf eng CD mat Deieren Geräischer ofgespillt an d’ Kanner konnten erroden wéi en Déier dass et ass.
Beim zweeten Spill ass et em de Gerochssënn gaangen. Hei kruten d’ Kanner hir Aen verbonnen an konnten richen op se den Inhalt vun den vun eis preparéierten Dëppercher erkennen. Fir ze fillen goufen verschidden Objeten an eng Këscht geluecht an d’ Kanner konnten dat upaken. Zum Schluss koum de Geschmaach’s Sënn un d’ Réi, mat verbonnenen Aen konnten d’ Kanner sech géigesäiteg Saachen ze schmaachen ginn an erroden wat se giess hunn.
Eng flott Aktivitéit mat interessanten Aussoen
» Fotoen