passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Op Besuch am BicherKueb

13.01.2020

Nierwent de Videospiller an dem Fernseh hun d'Bicher et haut oft schwéier fir de Kanner hieren Intressi ze kréien. De BicherKueb zu Beetebuerg huet ob jiddefall eng flott Manéier fonnt fir d'Bicher de Kanner nees méi no ze brengen.

D'Précocekanner aus dem SEA Al Gemeng waren op Besuch am BicherKueb a si waren erstaunt iwwert déi grouss Auswiel vu Bicher déi se do fonnt hunn an déi vill Farwen. Et huet guer net lang gedauert bis déi éicht Kanner vun de Bicher gefesselt waren an hun ee Buch nom aaneren aus dem Regal geholl. Ganz vertieft an andächteg hu si an de Bicher gestöbert, gekuckt a gelies.
Nierwendrun haaten si och d'Méiglechkeet fir ze molen an si konnten sech an eng al Schoulbänk vu fréiher setzen an hierer Kreativitéit fräie Laf loossen.
De Mëtte war ruckzuck eriwwer an et war secher net déi leschte Kéier dass d'Kanner aus dem SEA de BicherKueb besiche gange sinn.


» Fotoen