
Sportshal: Bingo
27.03.2025Mer hunn zesumme mat Aktiv Plus e flotte Bingonomëtten organiséiert de bei jidderengem gutt ukomm ass.
D’Reegele vum Bingo si einfach a jiddereen huet se direkt verstanen. D’Kanner haten sech verschidden Aufgaben opgedeelt.
Mer haten eng gutt Atmosphäre mat flotte Gespréicher a lëschtege Bingoronnen a sou ass eng richteg gutt Interaktioun tëscht de Generatiounen entstanen.
Zum Ofschloss gouf et nach Kaffi a Kuch den eis all gutt geschmaacht huet.
» Fotoen