passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Ärdbiersglace à la "Kanner vum SEA"

14.10.2019

Glace ass gudd.
Glace selwer maachen ass nach besser.
Selwer gemachen Ärdbiersglace zesummen iessen ass meeeegaaa!

Ma da lass!

Fir d'Ärdbiersglace selwer ze machen brauch een:
- 100 gr Ärdbieren
- 250 gr waisse Kéis
- 40 gr Zocker
- eng Hand voll ongedëlleg Kanner déi endlech wëllen ufänken mat schaffen

Fir d'éicht muss d'Uebst gewäsch ginn an an der Mëtt duerchgeschnidde ginn. (Gudd oppassen wa Kanner Ärdbiere schneiden! Et ka virkommen dass ganz séier déi eng oder aaner Ärdbiershalschent op onerklärlech Art a Weis verschwënnt...) De waisse Kéis an den Zocker ginn an enger Schossel gudd vermescht an dono ennert d'Ärdbiersmass, déi virdrun mam Mixer gudd gemixt gouf, gehuewen.
Da brauch ee just nach alles an handlech Glaceformen ze fëllen.
An da kennt dee schwéiersten Deel um Glace-selwer-machen; daat ganzt muss nämlech minimum 4 Stonnen an den Tiefkühler.

D'Kanner wënsche vill Spaass beim Nomachen.


» Fotoen