
Reebou-Pavillon: mir sammelen Käschten
31.10.2022E flotten Ausfluch an de Park Jacquinot zu Beetebuerg: Zesummen mat den Kanner si mir an den Park Jacquinot getrëppelt wou Kanner dunn op da Wiss vill Kaschten fonnt hunn. Nodeems d’ Kanner mat vill Begeeschterung Käschten gesammelt hunn, hunn si nach e bëssen op der Spillplaz gerolzt.
Zwee Deeg drop konnten Kanner hirer Kreativitéit fräien Laf loossen an verschidden Ideeën ëmsetzen fir mat den gesammelten Käschten ze spillen. Duerno hunn mir nach zesummen eng Hierschtdeko gebastelt fir eisen SEA schéin domat ze dekoréieren. Zum Schluss konnten si fräi Käschten bemolen fir mat Heem ze huelen.
» Fotoen