passer au contenu principal passer au menu principal Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Ëm de Bëchel- Annexe : Fairtrade Café vum Cycle 1

18.04.2026

Bei herrlechem Wieder huet d'Equipe aus dem Cycle 1 den Haff schéin hiergeriicht an d'Dëscher gedeckt an dekoréiert fir ee flotte Moien zesumme mat den Elteren a Kanner ze verbréngen.



Vum Croissant iwwert Banann an de Jus an de Kaffi konnten d'Kanner an hier Elteren ee gemittleche Moien am Haff vum SEA ËM de Bëchel Annexe genéissen.

Als Fairtrade Gemeng ass Beetebuerg vill intresséiert um fairen Handel vun den Iesswueren an der gerechter Bezuelung vun den Aarbechter.Aus deem Grond probéiert de SEA Beetebuerg iwwert Aktioune wéi eise Fairtrade Café fir engersäits d'Kanner scho vu klengem u mat deem Thema a Kontakt ze bréngen an d'Elteren drop opmierksam ze maache wat et alles u Produkter gëtt a wéi een de fairen Handel nach méi kann ënnerstëtzen.




» Fotoen