
Sonnepavillon : Eng Mëttesstonn voll gepak mat Reen
14.11.2023Och am Sonnepavillon schéngt nett ëmmer d‘ Sonn. Vir dass mir trotz villem Reen mat de Kanner kënne raus goen benotzen mir dann mol iwwert Mëttesstonn de Préau.
D’ Kanner ginn vun sech aus immens kreativ, wat si dann och bildlech um Buedem festhalen.
Och fir eis Fussball Spiller war nach Platz, si hunn einfach mat der Kräid eng Grenz um Buedem gezunn fir hiren Terrain ze markéieren, a lass goung et. Zum Schluss war jiddereen zefridden gestallt an mir haten eng schéin Mëttesstonn.
» Fotoen