passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sportshal: Geocaching zu Helleng.

31.05.2024

Geocaching ass eng Aart Schnitzeljuegt wou en sech mat Hëllef vun engem GPS orientéiert an sou gutt verstoppte Saache fënnt.



Bei dëser Aktivitéit mussen d’Kanner am Team zesummeschaffen, hier Ëmwelt genau kucken an sech op hier Sënner verloossen. Bei munche Cache muss e Rätsele léise fir se ze fannen.

De Wee den d’Kanner sech erausgesicht hunn hat 20 verstoppte Cache. Leider war d’Wierder net sou gutt, a wie et mei staark gereent huet, hu mer eis entscheet zeréck an de SEA ze goen. Trotzdeem hu mer 5 Cache fonnt. Well et de Kanner awer trotz dem schlechtem Wierder sou gutt gefall huet wëlle mer an der grousser Vakanz ob d’Sich goen no deenen anere 15, da mat hoffentlech mat besserem Wierder.




» Fotoen