passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Selfmade Chocolate Dessert

21.05.2025

Et war mol nees un der Zait fir ee gudden Dessert ze zauberen



Bananen, Stracciatellajughurt a Scholoka hu scho virausgesoot dass et sech hei em eppes ganz Leckeres handelt.

D'Bananen goufen kleng geschnidden an op engem Plateau verdeelt. Du gouf de Jughurt driwwer geschott soudass all d'Bananen verdeckt waren.

An elo séier an den Tiefkühler fir dass alles fréiert.

Währenddeem hun déi aner Kanner d'Waasser fir de bain marie warm gemach. Lo gouf de Schokela a kleng Stecker gebrach a lues am Dëppen geschmollt. Daat huet vill Gedolt a vill réieren verlangt.

Du gouf de warme Schokela a klenge Portiounen op de Bakpabeier geschott soudass all Kand sain eegene Schokela konnt mat Zockerperelen an Zockerstreiselen décoréieren.

Zum Schluss ass d'Bananen-Jughurt-Glace aus dem Freezer geholl ginn an dee wooteleche Schokela driwwer geluecht ginn.

Ei wat war daat ee Genoss!




» Fotoen