
Al Gemeng : Eisen neie Spillbuttek
07.12.2020De Précocegrupp krut een neie Spillbuttek deen d'Kanner selwer agriicht hun.
D'Kanner hu vun doheem eng ganz Rei Sache matbruecht déi am neie Buttek verkaft ginn; Eerkartongen, Nuddelen, Seef, Zahnpasta, Rais a villes méi.
Nodeem alles um Buedem zortéiert gouf hun d'Kanner sech eng Freed draus gemach fir alles schéin an d'Regaler ze raumen.
Dono konnten d'Kanner endlech mam neie Buttek spillen an hun de Caddie gefëllt bis en iwwergelaf ass.
An daat Bescht an hierem Buttek daat ass dass alles gratis ass an et kann een esou vill kafe wéi ee wëll. De Spaas war garantéiert.
» Fotoen