
En Nomëtteg voller Wëssenschaft – Eis SEA-Kanner um Science Festival
01.12.2025Den Dënschden 25/11sinn d’Kanner aus dem SEA Sonnepavillon, SEA Reebou an dem SEA Ëm de Bëchel an Stad gefuer, fir en spannenden Nomëtteg um Science Festival ze verbréngen.
An der Abtei Neumünster ukomm, hu mir als éischt zesumme gepicknickt, éier et a klenge Gruppen op déi verschidde Workshops gaangen ass.
De Science Festival ass e grousse wëssenschaftlechen Event zu Lëtzebuerg, deen all zwee Joer stattfënnt. Dobäi stellen Museen, Fuerscher*innen, Héichschoulen a verschidde Veräiner eng ganz Rei vun Atelieren, Experimenter an Aktivitéiten vir.
D’Iddi hannendrun ass et, Wëssenschaft op eng spilleresch an interaktiv Aart a Weis un déi Jonk bruecht ze kréien – esou datt Kanner a Jugendlecher net nëmme kucken, mee selwer matschaffen, entdecken an experimentéieren.
D’Kanner kënnen selwer experimentéieren, Saache ausprobéieren, froen, testen an Naturwëssenschaften op eng spilleresch Aart a Weis erliewen.
D’Iddi hannendrun ass kloer: Wëssenschaft ass spannend, kreativ a fir jiddweree verständlech – wann een se erlieft an net nëmme kuckt.
All Grupp hat um Festival säin eegent Programm a konnt esou ganz ënnerschiddlech Atelieren entdecken. Hei e puer Beispiller vu Workshops, un deenen eis Kanner deelgeholl hunn:
- „Baff – d’Quizshow“
Hei goufen ongewéinlech a spannend Experimenter gewisen. D’Kanner konnten matrooden a matmaachen, an dacks koum e richtegt „Baff!“ wann d’Erklärung koum. - Musée Tudor – Elektrizitéit erliewen
Aner Gruppen hunn am Musée Tudor entdeckt, wéi Stroum funktionéiert:
Wéi entsteet en? Wéi gesäit e Stroumkrees aus? Firwat geet eng Luucht un – oder och mol net?
Mat klenge Versich konnten d’Kanner Stroum „a Wierklechkeet“ gesinn a verstoen. - Kräften & Physik – Wéi beweegt sech d’Welt?
Hei ass et ëm Kräften, Bewegung a physikalesch Phänomener gaangen. D’Kanner hunn ausprobéiert, wéi Objeten sech beweegen a firwat eppes séier oder lues rullt.
Natierlech goufen nach vill aner spannend Statiounen a Workshops entdeckt.
Besonnesch schéin war et ze gesinn, wéi interesséiert an opgeschloss d’Kanner un d’Workshops erugegaange sinn. Si hunn Froen gestallt, ausprobéiert, nei Saache getraut a sech géigesäiteg gehollef. Gläichzäiteg huet den Ausfluch och d’Zesummenhalt tëscht de Kanner aus dene verschiddene SEAen gestäerkt.
» Fotoen