passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Bastelen, Rëschten a Feieren - an der aler Gemeng ass Chrëschtstëmmung opkomm

23.12.2019

Chrëschtagszäit ass eng schéin Zäit well vill muss gebastelt ginn a vill ka gerëscht ginn.

Waat d'Kanner aus dem SEA uginn, haate si op jiddefall ganz vill Spaass bei de Chrëschtdagspréparatiounen.
Et stung vill um Programm waat d'Kanner wollte maachen; fir d'éicht ass t'Haus e besse gerëscht ginn mat Chrëschtdekoratiounen déi si all selwer gebastelt hun. Et mecht de Kanner ganz vill Freed wann hier gebastelt Saachen am Haus aushänken a si ganz stolz hieren Eltere kenne weisen waat se alles gemaach hun.
Dono war et Zäit fir de Beemchen ze schmücken deen d'Gemeng eis um Wantermart zur Verfügung gestallt huet.
Zesummen haaten d'Kanner all vill Freed a Spaass.


» Fotoen