
Cycles 1-4 Vakanzaktivitéiten 2026
14.08.2026Spill, Spaass an Action fir Grouss a Kleng.
E ganz besonnescht Highlight vun eise Vakanzaktivitéite war eist Fest mam Spielmobil vu Freiburg am Schlasspark vun der Gemeng. Dës Kéier waren net nëmmen d’Kanner mat dobäi, mee och d’Eltere waren häerzlech invitéiert, fir zesumme mat hire Kanner e flotte Moment ze verbréngen an déi verschidden Aktivitéiten ze entdecken.
Um faarwegen Jahrmarkt konnten d’Kanner bei ville spannende Statiounen hiert Geschéck, hir Koordinatioun an hir Fäegkeeten testen. Eng flott grouss Rutsch huet dobäi fir extra vill Spaass gesuergt.
Och SICONA war mat engem flotten Atelier vertrueden. Hei konnten d’Kanner hiren eegene Lavendelzocker maachen an dobäi kreativ ginn.
Een Schminkatelier fir Kanner an en klengen Koiffersalon waren den Highlight bei den Kanner an den Erwuessen.
Natierlech duerften och zwee Sprangschlässer net feelen! Donieft hunn XXL-Spiller wéi „4 Gewinnt“ a „Mensch ärgere dich nicht“ fir vill lëschteg Momenter bei Kleng a Grouss gesuergt.
Et war e gelongent Fest, bei deem Kanner, Elteren an eis Equipe gemeinsam e puer flott Stonne mat vill Spill, Beweegung, Kreativitéit a Spaass verbrénge konnten.
» Fotoen