passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sportshal: Eis Schleeken si do.

05.02.2024

Haut krut eisen Terrarium seng nei Bewunner agesat. Daniela huet e puer kleng „Bebeschleeken“ matbruecht an se mat de Kanner an den Terrarium gesat.



Kanner kruten haut vill Infoen iwwert di kleng Schleeken an hunn de richtegen Ëmgaang erkläert krut. D’Kanner hunn sech organiséiert wien sech wéini em Schleeke këmmert an hinne frëscht Uebst, Geméis oder Zalot gëtt. Och beim Entretien vum Terrarium wëllen d’Kanner mathëllefen.

D’Kanner gi vill bei den Terrarium kucken, si ganz faszinéiert vun de kleng Schleeken a ginn ëmmer rëm bei den Terrarium luussen.




» Fotoen