passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Vum Bäcker zum Patissier

27.03.2023

Een einfache Kuch baken, daat kann dach jiddereen! Mee ee Scheefchen baken daat ass schon eng grouss Konscht.



Mat Bakaktvitéiten kritt een d'Kanner emmer schnell begeeschtert. Zumol well den Deeg och scho gudd schmacht wann en nach an der Schossel ass.

Mee des Kéier war Präzisiounsarbecht ugesoot.

Et gung drem fir aus dem Deeg dem Schof seng Woll ze modelléieren. Mat vill Fangerspëtzegefill hun d'Kanner kleng Bullen aus waissem Deeg an aus brongem Deeg geformt an dono esou beienee geluecht fir dass doraus ee Schof ginn ass.

An d'Resultat huet sech nawell weise geloos.




» Fotoen