passer au contenu principal passer au menu principal Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Reebou: Natur, Beweegung a vill Spaass beim Weier zu Peppeng

20.08.2026

Bei eisem Ausfluch op de Weier zu Peppeng hu si vill Spannendes iwwer d'Natur an d'Déieren ronderëm de Weier geléiert.


Am Kader vun enger flotter Aktivitéit an Zesummenaarbecht mat der Administration de la nature et des forêts sinn d'Kanner op de Weier zu Peppeng gaangen. Eng Mataarbechterin huet de Kanner mat Hëllef vu Plakater vill interessant Saachen iwwer d'Natur, d'Déieren an d'Pflanzen am a ronderëm de Weier erkläert. D'Kanner konnte vill Neies entdecken an hir Froen stellen.

No dëser spannender Entdeckungsrees hu mir zesumme Yoga-Übunge gemaach, déi d'Kanner dozou invitéiert hunn, sech ze entspanen an d'Natur mat alle Sënner ze erliewen. Zum Ofschloss gouf nach e flottt Sprangspill organiséiert, bei deem d'Kanner mat vill Freed an Energie matgemaach hunn.

Et war e gelongenen Nomëtteg voller Léieren, Beweegung a Spaass an der Natur.




» Fotoen