
Al Gemeng : Ee sportlechen Nometten fir Jonk an Al
04.01.2024Am Kader vun eisem Projet mam Foyer Ste. Elisabeth stungen des Kéier Beweegungsspiller um Programm.
D'Interaktioun teschent Jonk an Al huet alt nees jidderengem vill Spaass gemach.
Am Géigesaz zu hiere gewinnten Aktivitéiten hun d'Kanner geléiert dass een och Sport am Setze ka machen an dass daat ganz ustrengend ka sinn. Eeler Menschen déi net méi esou gudd op de Been sinn, sinn zum Deel gezwongen fir hiere Sport am Setzen auszeféieren. An daat heescht awer guer net dass et dofir muss langweileg sinn.
Ganz am Géigendeel; vum Keelespillen iwwer de Badminton, a villen anere Spiller konnten d'Kanner sech un allem bedeelegen a weise waat se kennen.
» Fotoen