
Sonnepavillon : Mir waren op d’ Kiermes
20.04.2022Op engem sonnegen Dag hunn mir zesummen mat den Kanner entscheet op d’ Kiermes ze goen.
Voller Opreegung a Virfreed hunn mir den Zuch vun Näerzeng op Esch geholl, an hunn den Nomëtten mat enger schéiner Promenade duerch d’ Uelzechtstrooss gestart. Hongereg a duuschtereg hunn mir eis op de Wee fir op Kiermes gemaach, wou d’ Kanner sech mat hirem Täschegeld konnten Gedrénks an Iessen auswielen. Dono wollten d’ Kanner op Spiller goen, a hunn sech fir d’ Autoen an d’ Klunschen entscheet.
Déck zefridden hunn mir dono nees den Zuch vun Esch op Näerzeng geholl, wou d’ Elteren op hier Kanner gewaart hunn.
» Fotoen