passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Reebou-Pavillon: Mir waren op Schatz Sich op Esch Belval

23.08.2021

Ahoy! D’ Reebou Piraten waren op der Sich no engem groussen Schatz.

Mir sinn mam ëffentlechen Transport vun Beetebuerg op de Belval an «d’ Maison du Savoir» gefuer.  D ‘Kanner kruten eng Kaart wou den Wee fir béi den Schatz erkläert war.

 

Vir den Schatz kënnen op ze maachen, missten déi kleng Piraten een Schlusswuert fannen. D’ Buschtawen vum Schlusswuert konnten si op verschiddenen Platzen ënnerwee erausfannen, des waren a Form vun Symboler duer gestallt. Op hirer Schaatzkaart haten se d ‘Bedeitung vun den eenzelen Symboler.

 

D’ Schatzsich war eng kognitiv erausfuerdernd an awer och flott Aktivitéit. D ‘Reebou Piraten hunn sech als Équipe zesummen gedoen an hunn de Wee zesummen duerchlaf bis si den Schatz fonnt hunn. Kanner hunn Teamgeescht bewisen andeems se enk zesummen geschafft hunn, Ahoy!




» Fotoen