
Cycles 2-4 Vakanzaktivitéiten 2026
04.08.2026En onvergiesslechen Dag am Walygator!
Haut waren eis Kanner aus de Cyclen 2 bis 4 op Ausfluch am Walygator. De ganzen Dag iwwer gouf gelaacht, gestaunt an natierlech och vill Adrenalin verspiert!
D’Kanner hu sech op déi verschidden Achterbunnen an Attraktioune gestierzt an haten eng immens Freed. Déi gréisste Begeeschterung gouf et awer ouni Zweiwel beim Rafting an der Wildwasserbunn. Trotz e puer naasse Kleeder war d’Stëmmung einfach super, an déi erfrëschend Ofkillung koum bei de waarmen Temperaturen genee richteg.
Mat ville flotte Momenter, stralende Gesiichter an onvergiesslechen Erënnerunge geet en gelongenen Ausfluch op en Enn. Mir freeën eis schonn op déi nächst Aventuren am Kader vun eise Vakanzaktivitéiten!
» Fotoen