
Reebou-Pavillon: Matt de Kanner op de Kreschtmaart
16.12.2019D'Equipe vum Reebou-Pavillon war matt engem Grupp Kanner op den Beetebuerger Kreschtmaart, an en anere Grupp mat de Kanner vum Précoce op de Kreschmaart zu Esch-Alzette
Fir um Kreschtmaart zu Beetebuerg kennen d' Beemercher ze dekoréieren gouf fläisseg mat de Kanner gebastelt. Natur Materialien, alen Kartong an recycléiert Materialien wei Nespresso Tabsen goufen fir Dekoratioun verbraucht.
Nom Dekoréieren um Maart gouf nach en Tour iwwert de Maart gemeet, duerno e Schocki gedronk an eppes Klenges giess. D ‘Elteren hunn hir Kanner um Maart ofgeholl. Trotz nidderegen Temperaturen war et e flotten Nomëtteg dobaussen.
De Précoce Grupp war op Esch-Alzette op de Kreschtmaart spazéieren. Nodeems eppes zesummen giess gouf konnten Kanner nach op verschidden Spiller goen, wei ënnert anerem Karussell an Inte-Fëschen.
» Fotoen