
Al Gemeng : Mat de Féiss op Entdeckungsrees
25.07.2022Féiss kenne vill.
Si kenne goen, lafen, sprangen an heiansdo och sténcken.
Mee wou een net emmer direkt drun denkt, daat ass dass ee mat senge Féiss och ganz gudd seng Emwelt kann erfuerschen andeems een mat plakesche Féiss trëppelt.
Esou ee Buerféisswee waren d'Kanner op Diddeleng an d'Léih an de Bësch ausprobéieren.
Deck Steng, kleng Steng, Rindenmulch a Kresi a Bulli, et war vun allem dobai.
Op ee festen Ennergrond, een dënne Baamstamm oder eng wackeleg Breck, d'Kanner sinn ouni ze zecken iwwerall driwwer geklomm a geklettert.
» Fotoen