
Sonnepavillon: Kichelcher baken mam Aktiv+ Forum
18.12.2025En Dënschden hunn d’Kanner vum Sonnepavillon zesumme mam Club Aktiv plus de Forum Kichelcher gebak.
Mat vill Freed, Gedold a Kreativitéit hunn d’Kanner a Senioren Hand an Hand geschafft. Et gouf geknet, ausgestach, gebak a mat vill Léift dekoréiert. D’Zesummenaarbecht tëscht de Generatiounen huet super funktionéiert an d’Resultater konnten sech weisen – a virun allem schmaache – loossen: d’Kichelcher ware ganz lecker an originell dekoréiert.
Als Ofschloss krut all Kand eng kleng Kescht mat senge selwer gebaackene Kichelcher, fir se mat heem ze huelen an do weider ze genéissen. Fir all Bedeelegt war et en immens flotten an erliefnesräichen Nomëtteg, dee gewisen huet, wéi wäertvoll a beräichernd intergenerationnell Begéinunge sinn.
» Fotoen