passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Ëm de Bëchel: Eis Kanner um Zuch vun der Demokratie

16.12.2025

Den 21 November hunn den SEA ëm de Bëchel zesumme mat der Klass vum Raoul Petit mat de Kanner aus dem Cycle 4.1. um Zuch vun der Demokratie deelgeholl. Dës wichteg Manifestatioun bitt Kanner d’Méiglechkeet, sech aktiv mat Demokratie, Partizipatioun a politesche Prozesser auserneen ze setzen.



Am Virfeld haten d’Kanner sech fir e Projet entscheed, deen den Titel „Eis Strooss, eist Spill“ dréit. D’Iddi: eng autofräi Spillstrooss fir ee ganzen Dag, op fir all Kand am Land, organiséiert vun de Kanner selwer. D’Kanner haten sech scho vill Gedanken gemaach an eng Rei kreativ Iddien ausgeschafft.

Moies si mir mat eisem selwer gebastelte Politiker mam Zuch an d'Stad gefuer an duerno mam Tram weider an d’Chambre des Députés. No der häerzlecher Begréissung gouf eis en Deputéierten zougedroen, bei deem d’Kanner hire Projet presentéiere konnten. Mir waren beim André Bauler, deen den Kanner ganz opmierksam nogelauschtert huet. Hien huet erkläert, dass d’Decisioun fir eng Strooss temporär fir Autoen ze spären bei de Gemenge läit, mee dass hien dëse Projet als gutt ëmsetzbar ugesäit. Hien huet de Kanner esouguer versprach, eise Buergermeeschter ze kontaktéieren, fir ze kucken, ob dëse flotte Projet och an eiser Gemeng realiséiert ka ginn.

No dësem Austausch goufen an der grousser Plenière nach d’Projete vun alle Schoulen duerch d’Kanner an d’Deputéiert virgestallt. Eng grouss Gruppenfoto an e klengt Buch als Kaddo fir d’Kanner hunn dësen offiziellen Deel ofgeronnt.

No esou vill Engagement a Konzentratioun ass d’Belounung net ausbliwwen: zesumme sinn mir Pizza iessen gaangen an duerno nach op de Chrëschtmaart fir en Dessert. Géint 15:40 Auer ware mir pünktlech zeréck an der Schoul – mat villen Erënnerungen, Stolz an engem Gefill, eppes Wichteges erlieft ze hunn.

Am Januar starte mir dann zesumme mat de Kanner, fir dëse flotte Projet „Eis Strooss, eist Spill“ konkret an eiser Gemeng ëmzesetzen. Mir freeën eis schonn drop!




» Fotoen
» www.rtl.lu/news/national/zuch-vun-der-demokratie-war-nees-an-der-chamber-2356673