
Sonnepavillon : Hula Hoop emol aneschters
19.01.2022D' Kanner aus dem Cycle 1 hunn den Hula Hoop Reef entdeckt.
Dësen ass net op déi klassesch Art a Weis benotzt ginn, wou et dorëms geet, en sou laang wéi méiglech em d’ Heften ze schwéngen, mee si hunn en Wettbewerb gestart, wou d’ Ziel war den Hula Hoop um Beton ze dréinen.
Jiddereen hat 3 Versich. Den Gewënner war deen, bei deem den Hula Hoop am längsten gedréint huet.