
Al Gemeng: Ee flotten Dag op der Kockelscheier
21.11.2022Heiansdo lount et sech fir eraus ze goen och wann d'Wieder viellaicht net direkt dozou alued.
Et war ee vereenten Donnechdemetten an et war geplangt fir op een Ausfluch ze goen.
Gesoot, gemach; d'Bullisbox an d'Stiwwelen ungedoen a lass gung et. Eist Zil war de Kockelscheier Bësch wou et emmer eppes flottes ze mache gëtt. Vun der Parplaz aus ass et dunn per pedes vu Pull zu Pull duerch de Bësch gang. Riche, fillen, lauschteren a kucken ass wichteg am Bësch an d'Educatricen hun d'Kanner op Verschiddenes opmierksam gemach.
Wéi se aus dem Bësch eraus bei d'Weiere komm sinn ass d'Sonn eraus komm an et war richteg flott.
A ween gesait dann de Reebou?
Als Ofschloss hu se dun nach beim Haus vun der Natur de Schof moie gesoot éier et nees heem op Beetebuerg gang ass.
» Fotoen