
Cycle 1 Vakanzaktivitéiten 2026
12.08.2026E flotten Dag mam Poppentheater "Spatz"
Haut gouf et fir d'Kanner aus de Cyclen 1 an 2 e ganz besonnesche Programm: De Spatz Poppentheater war bei eis op Besuch an huet fir vill begeeschtert Gesiichter gesuergt.
D'Kanner konnten zwou flott Virstellunge genéissen. Als éischt goung et mat „De Grüffelo“ an eng fantasievoll Geschicht, duerno huet de Kasperltheater fir vill Spaass a Laache gesuergt. Gespaant hunn d'Kanner d'Geschichten an d'Abenteuer vun de Figuren op der Bün verfollegt.
Nom Theater gouf et dann och nach kreativ: D'Kanner konnten hir eege Handpoppe bastelen an hirer Fantasie fräie Laf loossen.
E flotten an ofwiesslungsräichen Dag voller Geschichten, Fantasie, Kreativitéit a Spaass!
» Fotoen