
Reebou-Pavillon: E flott Spill dat d’ Sproochentwécklung fuerdert
04.10.2021D’ Sprooch an d' Kommunikatioun ass fir d ‘Entwécklung vun de Kanner wichteg, dofir bidden mir spilleresch Aktivitéiten an dësem Beräich un.
Mir hunn de Kanner aus dem Précoce Grupp eng Aktivitéit zu der Lëtzebuerger Sprooch ugebueden, andeems mir Kaarten haten mat verschidden Uebst Zorten. Kanner kruten d ‘Kaarten mat de Biller gewisen an hunn eis gesot wat si op de Biller gesinn. Déi meeschte Kanner hunn et ob Franséisch gesot an mir hunn hinnen et dunn ob Lëtzebuergesch iwwersat.
Dono hu mir et am Grupp all zesumme widderholl. Uschléissend hu mir all Kand d ‘Kaart eenzel gewisen a gefrot fir et ob Lëtzebuergesch ze widderhuelen. D ‘Kanner hunn dat super gutt gemaach a waren och immens begeeschtert a frou eppes Neits ze léieren. Mir sinn ëmmer erëm erstaunt, wéi séier d ‘Kanner Saachen verhalen a bäiléieren J
Mir widderhuelen dat elo regelméisseg fir d ‘Kanner beim Léieren vun der lëtzebuerger Sprooch ze ënnerstëtzen.
» Fotoen