
Al Gemeng : Technikatelier - wéi gesait eigentlech ee Computer vu bannen aus?
03.02.2020Waat ee Computer ass wees hautdesdags bal all Kand. Mee wéi et do bannendran ausgesait wees awer nach lang net jiddereen a ka ganz spannend sinn fir daat ze erforschen.
Am Medieraum huet de Joé mat de Kanner al Computeren ausernee geschrauwt.
Wéi gesait eng Festplak aus?
Waat ass ee Motherboard oder ee Lafwierk?
Firwat ass do ee klenge Ventilator dran?
Froen iwwer Froen hu gemach dass de Projet flott an intressant war an de Kanner op eng spilleresch Art a Weis d'Méiglechkeet ginn huet fir sech déi Sach mol genau unzekucken.
Een zweeten Deel vum Projet ass deen fir mat deenen ausgebaute Stecker eppes neies ze bauen wéi z.B. Roboteren oder ...?
» Fotoen