
Sportshal : YEP Schoulfoire
30.04.2025Mer waren op der YEP!-Schoulfoire die sech un d’Schüler aus dem Cycle 4 vum Fondamental, aus dem leschte Joer Primärschoul vun den internationale Schoulen an un d’Schüler aus dem Secondaire riicht.
Se ass awer och interessant fir Elteren an déi Professionell aus der Educatioun a ronderëm d’Educatioun. Presentéiert ginn déi verschidde Facettë vum ëffentleche Lëtzebuerger Schoulsystem. Hei kann en sech e gudden Iwwerbléck iwwert déi schoulesch a professionell Orientéierung verschafen a Neies kenne léieren.
Op enger Fläch vu 17.000 m2 verdeelt op dräi Halen dréit sech d’YEP!-Schoulfoire ëm verschidden Themen: Léierplazen, Lëtzebuerger Lycéeën, de Ministère, d’Maison de l’orientation an d’Schouloffer. Zudeem goufe vill Atelieren a Showe souwéi 9 Formatiounswelten ugebueden.
Dëst Joer hu 5 000 Visiteuren innerhalb vu véier Deeg des Foire besicht, si ass déi ideal Plaz, fir sech iwwer d’ganz schoulesch Offer an all d’Beruffer ze informéieren. Eis Kanner ware begeeschtert.
» Fotoen