
Al Gemeng : Perël-Atelier
02.12.2019Mat Perëlë schaffen ass scho bal eng Traditioun am SEA; mee et kennt bei de klenge Kanner nach emmer ganz gudd un.
An dofir hun d'Kanner aus eisem Précocegrupp mol nees eng Kéier d'Holzperëlen ausgepakt a lass gung et.
Schnell gouf eng dënn Ficelle op déi richteg Längt geschnidden a mat engem klenge Steck Skotch (soot daat mol 3x schnell hannereneen) um Desch ugepescht. Dest verhënnert dass d'Ficelle entwutscht an helleft dass d'Perëlen do bleiwe wou se sollen.
Mat vill Phantasie hun d'Kanner sech dun un d'Arbecht gemaach fir déi farweg Perëlen opzefädelen. An dobäi huet een sech misse gudd konzentréieren fir daat ze maachen. Déi meeschte Kanner hu sech fir ee Bracelet entscheed a ware ganz stolz wéi se hiert neit Schmucksteck konnten em den Arm bannen.
» Fotoen