passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Reebou-Pavillon: e flotten Lies Owend mat der Madame Mireille Weiten-de Waha

27.12.2021

Schreftstellerin Mireille Weiten-de Waha als Invitée am Reebou-Pavillon



Kanner vun de Gruppen Précoce an Spillschoul kruten eng schrëftlech Aluedung fir um Lies Owend deel ze huelen deen um Site Reebou-Pavillon organiséiert gouf.

D’ Kanner souzen virun der Bühn ob engem klenge Canapé a kruten d ‘Geschicht vum klénge roude Léiw erzielt, mat de Poppen a mam Buch kruten si d ‘Geschicht bildlech duergestallt. D’ Kanner sinn och während der Geschicht mat agebonnen ginn an hu ganz opmierksam nogelauschtert. 

No der Geschicht hunn d ‘Kanner Fotoen mat de Poppe gemaach a d ‘Kanner konnten d ‘Buch kafen mat enger perséinlecher Widmung. Mir haten dunn och nach e klenge Wanter Snack organiséiert mat Jus a Kichelcher, wou jiddereen sech zerwéiere konnt.




» Fotoen