passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Eng ganz Nuecht an der Maison Relais

18.07.2024

Als klengen Ofschloss vum Schouljoer hun d'Kanner aus dem Cycle 1.2 respektiv aus dem Cycle 2 eng Nuecht an hierer Maison Relais verbruecht.



D'Iddi ass vun der Equipe komm fir de Kanner, déi ab September t'Haus wiesselen, een Ofschloss ze bidden.

D'Begeeschterung bei de Kanner war, wéi ze erwarden, ganz grouss.

Mat vill Virfreed hu si dee ganzen Dag ongedëlleg ob dee groussen Owend geward an hu sech géigesaiteg opgedréiht.

Um Programm stungen ee Picknick mat Spiller am Schlasspark respektiv ee Grillowend fir déi Grouss aus dem Cycle 2.

Nodeems d'Schlofsäll an déi eenzel Schlofplazen ageriicht waren sinn d'Kanner op den Tour gangen.

Wéi et du bis daischter ginn ass war et Zait fir e puer Gudd-Nuecht-Geschichten bei deene Klengsten bis no an no bei all Eenzelnen d'Guckelcher zougefall sinn.

D'Kanner aus dem Cycle 2 konnten op hierem Ofschlossfest nach ee Film kucken éier et dunn bei hinne geheescht huet "Luut aus".

Moies huet et net lang gedauert bis dass déi éicht wakresch gi sinn a mat Freed festgestallt hunn dass all hier Kollegen a Frënn och nach do waren.

No engem Croissant an engem gudde Chocky sinn och schon déi éischt Elteren hier Kanner siche komm. An déi haten natirlech ganz vill ze zielen.




» Fotoen