passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : E flotte Projet zesumme mam Foyer Sainte Elisabeth

21.12.2023

D'Equipe aus der Aler Gemeng huet ee Projet mam Foyer Sainte Elisabeth vu Beetebuerg gestart.



Intergenerationell Aktivitéiten sinn ee Garant fir flott Momenter.

Wa kleng Kanner an eeler Leit beienee sinn ass et fir béid Generatiounen emmer eppes Extraes, eppes Flottes.

D'Kanner lauschteren z.B. ganz gär de Geschichten no an déi Grouss hun hier Freed un deene klenge Wibbeldewappen déi frësche Wand an t'Haus brengen.

Iwwer Wochen ass emmer ee Grupp vun Cycle 1 Kanner aus der Aler Gemeng bis an de Foyer Ste. Elisabeth gepilgert wou eng Rei Aktivitéiten um Programm stungen.

Déi éischte Kéier hun d'Kanner an d'Leit aus dem Foyer sech mol kennegeléiert a si sech während enger klenger Bastelaktivitéit méi no komm.




» Fotoen