passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sportshal: Eng besonnesch Turnstonn

06.01.2025

Des Mëttespaus konnten eis Meedercher am Turnsall vum Reveil turnen. Eng Trainerin war sou léif an huet hinne gewise wei et geet a gutt opgepasst dass keen sech wéideet.



Als éischt kruten d’Kanner de Raum erkläert a wat se maache sollen a op wat se oppasse mussen. Dunn hunn se sech mat Lafen an e puer liichten Übunge gutt opgewiermt, dat ass wichteg fir dass en sech net verletzt.

Zesumme mat der Trainerin gouf du de Raum virbereet.

D’ Kanner krute gewise wéi eng Matrass wouhi kennt, wou en Trampolin hikënnt, asw.

Si hunn dunn zesumme mat der Trainerin d’ Statiounen duerchgeholl. Op zwou Statiounen hunn si konnten Üben, wéi een e Rad mëscht. Eng aner Statioun war, fir de Kopplabunz no hannen ze üben. Déi Statioun mam Trampolin war do, fir de Strecksprong oder e Salto ze üben. Bei der Mauer konnten si dunn hiren Heichstand üben.

D’ Meedercher déi am Turne sinn, hunn alles ouni Problem gemaach an dee gehollef, déi net am Turne sinn. Si ware ganz frou an houfreg, dass si hëllefe konnten. D’Kanner ware begeeschtert a freeën sech schonn op di nächste Kéier




» Fotoen