
Reebou: e gemittlechen Brunch mam Cycle 1
13.09.2023Mat ënnert anerem frëschen Kraider an Geméis aus eisem Hochbeet hu mir e flotten Brunch virbereet an zesummen giess.
Zesummen kachen ass eng Aktivitéit déi d’ Kanner immens appreciéieren. Gemeinsam kachen mécht net nëmmen Spaass, et fuerdert och déi motoresch, sproochlech an sozial Kompetenzen bei de Kanner. Doriwwer eraus leieren d’ Kanner Iesswueren an déi verschidden Aart a Weisen fir se ze preparéieren an kachen kennen.
Dat Bescht ass natierlech d’ Schmaachen zum Schluss Gudden Appetit !
» Fotoen